Freitag, 6. September 2013

TEST - Gnomoria

Ween vun Iech eppes matt Die Siedler, Dwarf Fortress, Minecraft a Konsorten kann ufänken, deen wäert sech bei Gnomoria wei doheem spieren.
Wei bei de Virbiller muss een Optreeg verginn, strategesch Entscheedungen treffen an 't Landschaft sengen Bedierfnesser upassen.

Sonntag, 1. September 2013

Moien Welt!

En Ufank

Intro

Moien léif lëtzebuergesch Spiller!
An matt Spiller mengen mer ALL Spiller, egal ob Briet- Computer- oder Konsolespiller. Och fir Outdoor-Spiller (Geocaching, AR) en groussen WËLLKOMM!
An Zukunft probéieren mer hei en Lëtzebuergeschen Spillmagasin op 't Been ze stellen.
Wann een interesséiert ass fir ze hëllefen, schreift mer einfach eng Email. 't Adress fannt der hei um Site.
Ech, den Admin, sinn en laangjäregen PC-Spiller an kennen mech dofir am beschten matt PCen aus. Virun allem matt den alen Klassiker. (SimCity, CIV, etc....)
Brietspiller sin meng 2. Leidenschaft an och Geocaching bedreiwen ech bei guddem Wieder gären.

Zukunftspläng

Mer wëllen hei relativ aktuell Spiller testen, awer och aalt Geschir wäert net ze kuerz kommen.
Verschidde Cachen sollen och getest a bewäert gin.
Je nodeem wei 't Community sech entwéckelt, wann iwwerhaapt eng entsteet, ginn 't Schwéierpunkten verdeelt!
Fir de Moment ass den 1. Projet emol en Indie-Spill dat nach an der BETA stécht. GNOMORIA nennt sech dat ganzt, an ass eng Mëschung aus Dwarf Fortress an Die Siedler.
Vun neien Saachen stinn ARMA 3 an X - Rebirth an der Lescht.

Sou dat war et emol fir elo.

Wann dëse Projet iech interesséiert, dann mellt iech einfach an de Kommentaren an/oder abonnéiert dëse Blog.