En Ufank
Intro
Moien léif lëtzebuergesch Spiller!
An matt Spiller mengen mer ALL Spiller, egal ob Briet- Computer- oder Konsolespiller. Och fir Outdoor-Spiller (Geocaching, AR) en groussen WËLLKOMM!
An Zukunft probéieren mer hei en Lëtzebuergeschen Spillmagasin op 't Been ze stellen.
Wann een interesséiert ass fir ze hëllefen, schreift mer einfach eng Email. 't Adress fannt der hei um Site.
Ech, den Admin, sinn en laangjäregen PC-Spiller an kennen mech dofir am beschten matt PCen aus. Virun allem matt den alen Klassiker. (SimCity, CIV, etc....)
Brietspiller sin meng 2. Leidenschaft an och Geocaching bedreiwen ech bei guddem Wieder gären.
Zukunftspläng
Mer wëllen hei relativ aktuell Spiller testen, awer och aalt Geschir wäert net ze kuerz kommen.
Verschidde Cachen sollen och getest a bewäert gin.
Je nodeem wei 't Community sech entwéckelt, wann iwwerhaapt eng entsteet, ginn 't Schwéierpunkten verdeelt!
Fir de Moment ass den 1. Projet emol en Indie-Spill dat nach an der BETA stécht. GNOMORIA nennt sech dat ganzt, an ass eng Mëschung aus Dwarf Fortress an Die Siedler.
Sou dat war et emol fir elo.
Wann dëse Projet iech interesséiert, dann mellt iech einfach an de Kommentaren an/oder abonnéiert dëse Blog.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen