Ween
vun Iech eppes matt Die Siedler, Dwarf Fortress, Minecraft a
Konsorten kann ufänken, deen wäert sech bei Gnomoria wei doheem
spieren.
Wei
bei de Virbiller muss een Optreeg verginn, strategesch Entscheedungen
treffen an 't Landschaft sengen Bedierfnesser
upassen.
Gnomen, Bierger, Planzen an Menüen...
...ass alles wat een
am Ufank vun Gnomoria um Bildschierm gesäit.
Déi éischt Partie
geet ouni Tutorial un an duerfir ass et gutt dass de Pausenmodus
aktivéiert ass.
Am Ufank hëlleft
nëmmen probéieren a léieren. Oder natierlech en YouTube „Let's
Play“ ze kucken.
Awer esou einfach
maachen ech mer et net!
Ennen ass een
Menü... Matt der rietser Tast kennt och een Menü...
Klicken
mer einfach emol an 't Landschaft! Nu kuck...e Menü....
Okay, elo weess ech wei ech bauen, alt weider!
No enger relativ laanger Léierphase huet een den Dréi dann awer eraus. No kuerzer Zäit klappen 't Gnomen Beem ëm an verschaffen Brieder zu Dëscher, Still an Dieren, déi dann an de gebauten Zëmmeren am Bierg gestallt ginn.De Steemetzer baut aus Bléck, déi en vum Steeschneider kritt, Messeren déi fir 't Kichen an de Metzler gebraucht ginn.
De Metzler kritt seng Déieren vun den Stécker ëm déi den Bauer sech bekëmmert. Op de Felder wuessen am Wanter an am Hierscht awer net esouvill Planzen wei am Fréijoer an Summer...
Aus dem Fleesch kann deen Zoossissen maachen.
Aus de Schanken kann een vun engem Gnom Helmer an Rüstungen baue loossen. Déi éischt kleng Arméi ass domatt drop an drun opgebaut ze ginn.
Niewelaanscht muss een kucken fir besser Materialer ze fannen an Zëmmeren mat Better fir 't Gnomen ze erstellen.
Also ganz vill ze dinn!
An dat war et nach ëmmer net?
Oh nee!Alles wat een esou vun dënn groussen Virbiller kennt ass dobäi:
Iessen, Drénken, Planzen sammelen, Holzindustrie, Metallindustrie, Bauerenhaff, Waffenindustrie, Medezin, asw. Laut Entwéckler soll iergendwann (no der aktueller Versioun 0.8.52.1) och nach, ënner anerem, Magie dobäi kommen.
Wéi spillt et sech dann elo?
Wéi gesot, et brauch een seng Zäit bis een den Trick eraus huet. Awer wann een bis dran ass, dann spillt et sech, bis op e puer Interface Problemer, super.
Et feelt zum Beispill un Iwwersiicht fir all déi Materialer déi een a senge Lageren huet oder fir 't Fäegkeeten vun de Gnomen.
An obwuel een, am Ufank, net genau weess wéi, geet 't Aarbecht ëmmer méi séier an et kommen ëmmer méi staark Géigner 't Gnomeräich iwwerfalen.
Fir eng Betaversioun ass 't Spill awer schonns relativ wäit.
Et gëtt wierklech eng Onmass vun Industrien an Astellungen fir säi Räich ze optimiséieren sou datt een Méint domatt beschäftegt ass!
Vun Astellungen geschriwwen: Ob een de ganzen Mikromanagement den Gnomen iwwerléisst oder een dat léiwer selwer regelt, vun eenzel Optreeg verginn bis 't Reiefolleg wéini wat gebaut gëtt, alles ass méiglech!
Do kennen sech déi grouss Entwéckler e gutt Beispill huelen!
Wou et dann nach e bëssen dru feelt, sinn 't Animatiounen. Et gëtt kéng!
Gnomen sinn einfach Biller déi vun enger Plaz op déi aner Sprangen. Heiansdo mat Holz, Waffen oder soss eppes, awer ëmmer dat selwecht Bild. Bei der Aarbecht ass dat nach net tragesch, awer beim Kampf keng Animatioun ze hunn, ass och net sou gutt fir 't Iwwersiicht.
Fazit
Alles an allem ass dëst Spill seng Suen absolut Wäert. Fir 6,99€ gëtt et hei Spillspaass pur.Ausserdeem kennt bal all Woch en Update fir Gnomoria eraus.
Wann een iwwert déi puer Klengegkeeten an der Iwwersiicht ewechkucke kann, een keng Grafikh***r ass, an ëmmer drun denkt datt eng Beta eng Testversioun ass, dann huet dat hei absoluten „Suchtfaktor“!
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen